Generell si pro Ekipp 10 bis 50 Leit um Rudder, jee no Gréisst vum Boot (dem ‘Long Zhou’), mat engem Trommeler vir, deen de Rhythmus vun de Paddeler op der éischter Bänk iwwerhëlt, a mat engem Steiermann um hënneschten Enn. Et ass eng chineesesch Traditioun, déi mat vill Begeeschterung zu Lëtzebuerg gefeiert gëtt.
Bei dësem Evenement soll d'Kultur gefeiert ginn, a gläichzäiteg soll se méi no un déi bruecht ginn, déi se net esou gutt kennen, dat seet den Cheuk Man Lam, vum Luxembourg Euro-Asien Schengen International Group, déi d'Evenement mat organiséieren.
“Et ass am Fong e kulturellt Event, wou Leit dann zesummekommen, fir zesummen e kompetitive Sport ze maachen, virun allem déi chineesesch Communautéit an déi lëtzebuergesch Communautéit, fir dass ee sech besser kenneléiert, well ëfters ass do eng Sproochebarrière eventuell, mee doduerch, dass si zesummen e Sport maache kënnen, et ass dat wat d'Leit verbënnt.”
Originne vum Draacheboot-Festival
Den Draacheboot-Festival ass Deel vum Duanwu-Fest. Dëst gëtt all Joer am fënnefte Mount vum chineesesche Kalennerjoer gefeiert, also am Juni. Wat genee d'Originne vum Draacheboot-Festival sinn ass net wierklech bekannt, ma gëtt prinzipiell mam Doud vum chineeseschen Nationaldichter Qu Yuan aus dem anticke China a Verbindung bruecht.
Zanter 2009 ass den Draacheboot-Festival am immaterielle Kulturierwe vun der UNESCO festgehalen. Et war déi éischt chineesesch Traditioun, déi do opgeholl gouf.
2023 war déi éischt Editioun zu Lëtzebuerg, a gouf och dono ëmmer erëm zu Réimech organiséiert: “U sech ass d’Iddi komm, well mir ëmmer méi chineesesch Entreprisen hei hunn. Ënnert anerem eise Banken, ech denke mir hu mëttlerweil siwe chineesesch Banken hei zu Lëtzebuerg. Mir sinn oft a Kontakt mat der Ambassade vu China, zum Beispill, an dem chineesesche Kulturzenter och, a mir haten da geduecht et wier vläicht eng gutt Iddi, fir e Fest ze maachen,” esou den Cheuk Man Lam. Iwwert d'Joren ass se ëmmer méi gewuess a streckt sech mëttlerweil méi wäit iwwert d'Esplanad zu Réimech ewéi nach am Ufank.
Insgesamt si 17 Ekippe gefuer. Déi meescht si vu Firmen, déi e Sëtz zu Lëtzebuerg hunn. Donieft si Museker extra aus China an de Grand-Duché komm, fir hei opzetrieden.