3, 2, 1 Take OffChimie-Spektakel an der Halleffinall

RTL Lëtzebuerg
Haut geet et ëm alles: 4 Kandidaten, awer nëmmen zwee Tickete fir d’Finall vun Take Off.
3, 2, 1 Takeoff: Chimie-Spektakel an der Halleffinall
Haut geet et ëm alles: 4 Kandidaten, awer nëmmen zwee Tickete fir d’Finall vun Take Off.

Polver-Challenge

Am éischten Challenge mussen d’Kandidate siwe wäiss Polver-Substanze richteg identifizéieren. Si musse sech duerfir an d’Haut vun engem Chemiker versetzen a chemesch Analyse maachen. Wien dat am séiersten hikritt, séchert sech den éischten Ticket fir d’Finall.

Zweeten Ticket vum Special Guest

De Maurice Schreiner, Kandidat an der zweeter Take-Off-Saison, huet sech en Challenge iwwerluecht. D’Kandidate solle puer Flëssegkeeten no hirem pH-Wäert sortéieren. Leider hu si kee pH Pabeier, mee musse sech hiren eegenen Infikateur bauen: mat Geméis.

Take Off – Science Challenge Show kënnt ëmmer Freides em 19 Auer op der Tëlee, RTL Play, takeoffshow.lu an nach emol Sonndes Moies ëm 11 Auer.

Back to Top
CIM LOGO