Google-Trends 2025"Charlie Kirk", "Labubu" an "Ed Gein" goufen zu Lëtzebuerg am meeschten nogesicht
Ob den Doud vum Ozzy Osborne, eng nei Netflix-Serie oder den Trend vum Labubu-Petzi... Och zu Lëtzebuerg gouf nees vill op Google gesicht an nogeschloen. Hei sinn déi meeschtgesichte Begrëffer, no Kategorien.
Dës Begrëffer goufen am meeschte gesicht:
1. Charlie Kirk
2. Diogo Jota
3. Iran
4. Ed Gein
5. iPhone 17
6. DeepSeek
7. Ozzy Osbourne
8. Trounwiessel
9. Labubu
10. Michelle Trachtenberg
Kuckt ee reng déi Begrëffer, déi einfach generell zu Lëtzebuerg gesicht goufen, kënnt den Doud vum Charlie Kirk op déi éischte Plaz. Op Plaz Zwee läit de verstuerwene portugisesche Futtballspiller Diogo Jota, hannendrun déi geopolitesch Situatioun am Iran, d’Neflix-Serie vum Mäerder Ed Gein an den iPhone 17. Vill gesicht gouf awer och d’AI DeepSeek, den Doud vun der Metal-Legend Ozzy Osbourne, de Lëtzebuerger Trounwiessel, de Massephenomen “Labubu” an d’Schauspillerin Michelle Trachtenberg, dat d’Buffy ënnert anerem gespillt huet a méi fréi am Joer gestuerwen ass.
© BENJAMIN HANSON / Middle East Images / Middle East Images via AFP
© Photo by JASON MENDEZ / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP
© Maison du Grand-Duc, Pressephoto, RTL Archiv, SIP, AFP, Domingos Oliveira
Google TrendsD'Top 10 vun de meescht-gesichte Begrëffer zu Lëtzebuerg
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Hei weider Begrëffer, déi vill am Grand-Duché gegoogelt goufen
Stars a Bekanntheeten
- Robert Prevost
- Lois Boisson
- Melania Trump
- Andy Byron
- Haftbefehl
- Audrey Crespo-Mara
- Greta Thunberg
- Jimmy Kimmel
- Friedrich Merz
- Zohran Mamdani
Filmer a Serien
- Ed Gein
- Squid Game
- Anora
- Adolescence
- Ginny & Georgia
- Nosferatu
- The Brutalist
- Jurassic World Rebirth
- Conclave
- Wednesday Season 2
Verstuerwe Persounen
- Charlie Kirk
- Diogo Jota
- Ozzy Osbourne
- Michelle Trachtenberg
- Gene Hackman
- Thierry Ardisson
- Diane Keaton
- Robert Redford
- Felix Baumgartner
- Papst Franziskus
Museker
- Laura Thorn
- Haftbefehl
- Kendrick Lamar
- Guns ‘N Roses
- Justin Timberlake
- Green Day
- Sting
- Dimitri Vegas
- Katy Perry
- Rosenstolz
Sportlech Evenementer
- Eurobasket 2025
- Handball WM
- FIFA Club World Cup
- Frauen EM 2025
- Vendée Globe
Froen, déi am dackste gestallt goufen
1. Wéi halen ech Raten am beschten vun engem Holzhaus ewech?
2. Wéi erhéijen ech meng Chancen a Minecraft, de Wither ze spawnen?
3. Wéi heescht de Liewensraum vum Otter?
4. Wéi aktivéieren ech Luxtrust Mobile?
5. Wéi kann een déi hënnescht Bremskolwe vun engem Mercedes zeréckdrécken?
6. Wéi weess een, ob en Ee nach gutt ass?
7. Wéi entkallekt een eng Nespresso-Maschinn?
8. Wéi léisst een zu Ostende säi Boot an d’Waasser?
9. Wéi kritt ee Geld?
10. Wéi mécht een e Screenshot vum Ecran um PC?
Hei de Communiqué vu Google