
D’Cathy Steffen Reichling an de Jonathan Reichling stinn hannert dem Projet Braddel Babbel, mat enger klorer Iddi: “Eis Sprooch ass eis wichteg.“ Och hir Duechter Emilia an de Balli Balldauff, deen als Erzieler duerch d’Geschichte féiert, maachen de Projet authentesch a perséinlech.
D’Konzept setzt op Geschichten, Lidder a spillerescht Léieren, fir datt Kanner d’Sprooch erliewen an net nëmme Vokabele léieren, fir en Deel vum Contenu muss ee bezuelen. Mat iwwer 2.000 Familljen an iwwer 2 Millioune Streams op Spotify huet de Projet säi Public fonnt. D’Famill lieft zwar haut a Spuenien, mee bleift iwwer d’Sprooch enk mat Lëtzebuerg verbonnen. Och nei Inhalter si scho geplangt.