
Wéi et vun der norweegescher Police heescht, wier e ronn 200 Kilometer bis a Schweden gefuer. D’Busentreprise hätt den Déifstall am fréie Moie bemierkt an d’Police kontaktéiert, nodeems een dat geklaute Gefier duerch Satellittebiller am Nopeschland konnt entdecken. De Jong gouf vun der schweedescher Police an der Géigend vu Göteborg gestoppt matgeholl, Mataarbechter vum norwegesche Jugendamt sinn a Schweden gefuer fir hie sichen ze goen.
Wéi et vun der Police heescht, war de Jugendlechen eleng ënnerwee. Hien hat sech an der Uertschaft Vestby, ronn 40 Kilometer südlech vun der Haaptstad Oslo op de Wee gemaach, ier en no ronn 200 Kilometer gestoppt gouf. Firwat hien de Bus geklaut an dës Rees ënnerholl huet, ass bis ewell nach net gewosst.