Den Aloyse Schartz erënnert sech10. Mee 1940: "D'Preise sinn do"

Christophe Hochard
Viru 86 Joer ass d'Wehrmacht an Diddeleng agezunn. Vill Awunner sinn deemools fortgelaf a koumen eréischt Joren duerno nees zréck an d'Heemecht.
Den Aloyse Schartz a seng Fra Tina
Den Aloyse Schartz a seng Fra Tina
© Christophe Hochard

Mir schreiwe Freideg, den 10.Mee 1940. 6 Joer hat den Aloyse Schartz, wéi d'däitsch Arméi Diddeleng iwwerfall huet. Säi Papp koum deen Dag méi spéit ewéi gewinnt vun der Nuetsschicht. Hie war Schmelzaarbechter. "D'Preise sinn do", huet de Familljepapp senger Fra a sengem Jong zougeruff. "Si sëtzen zu Beetebuerg bei der Cellula."

Nomëttes tëscht 14 a 15 Auer huet et geheescht: "Alles an d'Haiser. D'Fransouse kommen. Si leie scho beim Dokter Goerens mat engem Maschinnegewier". Sou erzielt mir den haut 93 Joer alen Aloyse Schartz d'Situatioun vun deemools. "Vill Leit hu sech am Keller verstoppt. Mir net. Mir blouwen an eiser Wunneng a souze bei der Fënster".

10.Mee 1940 – den Aloyse Schartz erënnert sech - Deel 1
Viru 86 Joer ass d'Wehrmacht an Diddeleng agezunn. Vill Awunner sinn duerno fortgelaf a koumen eréischt Joren duerno nees zréck an d'Heemecht.

"Meng Elteren hate vill Nerven"

Samschdegmoien, den 11.Mee um 11 Auer huet et bei der Famill Schartz un der Dir geschellt. D'Tatta vum Aloyse stoung op der Dir. "Wéi dann? Leit dir nach am Bett? Hallef Diddeleng ass scho fort. Hannert d'Maginot-Linn. Do wäre mir sécher".

Ganz séier gouf eng Wallis gepaakt an dem Aloyse säi Papp huet déi un de Vëlo gehaangen. "Et gouf nach eng Maandel gefëllt an ech hunn de Wecker a mäi Reesbengel nach matgeholl", erzielt mir den Diddelenger voller Emotiounen. Zu Wuelmereng ass d'Famill Schartz dunn iwwer d'Grenz gaangen. "Mir sinn de ganzen Dag gaangen. Bis op Amnéville. Do hu mir an der Schoul geschlof. Den Dag drop si mir mam Zuch weidergefuer. Op all grouss Statioun stoung d'Rout Kräiz. Kaffi a Schocki hu si verdeelt. An engem Duerf hu mir dunn e grousst Zëmmer kritt mat engem Bett an enger Kaffismaschinn. Meng Eltere waren traureg", sou den Aloyse Schartz. Sonndes gounge si dann och reegelméisseg an d'Mass.
 

10.Mee 1940 – den Aloyse Schartz erënnert sech - Deel 2
Viru 86 Joer ass d'Wehrmacht an Diddeleng agezunn. Vill Awunner sinn duerno fortgelaf a koumen eréischt Joren duerno nees zréck an d'Heemecht.

Den Aloyse a seng Famill koume schliisslech an d'Géigend vun Nevers. Nevers ass am Zentrum vu Frankräich, an der Regioun Bourgogne-Franche-Comté. "Do waren esou Baracken. Do hu mir dra gehaust. An d'Männer hu misse schaffe goen. Mäi Papp, deen huet déi grouss Minnen, déi um Waasser geschwomme sinn, ugestrach". Enges Daags huet dem Aloyse seng Boma missen op hien oppassen, wärend seng Mamm a seng Tatta op Nevers akafe goungen. Op eemol huet de klengen Aloyse sech aus dem Stepps gemaach. "Ech hat mir de Wee op Nevers gemierkt a wéi ech du bei hinne war, huet meng Mamm mech gefrot, ob d'Ditti wéisst wou ech wär. Nee sot ech. Ma da komm, da maache mir eis elo séier heem".

"Meng Groussmamm huet ëmmer gesouert fir heem"

Zwee Méint war d'Famill Schartz a Frankräich. Dem Aloyse seng Boma, d'"Didd", wollt zréck op Lëtzebuerg. E puer Deeg drop hat de Papp dees Gesouers genuch an ass bei d'Preise froe gaangen, ob déi si wéilten heem féieren. "Du sot de Preis, firwat sidd Dir da virun eis fortgelaf? Ma sot mäi Papp, si wären am Krichsgebitt. Si hätte misse fortgoen". Dat hätt den Zaldot och verstanen. Am Rollengergronn ass d'Famill Schartz schlussendlech ukomm.

10.Mee 1940 – den Aloyse Schartz erënnert sech - Deel 3
Viru 86 Joer ass d'Wehrmacht an Diddeleng agezunn. Vill Awunner sinn duerno fortgelaf a koumen eréischt Joren duerno nees zréck an d'Heemecht.

"Gitt net heem, do ass et net schéin"

Zu Waasserbëlleg ass den Aloyse Schartz mat sengen Elteren duerno ënnerkomm. Do hunn zwee Bridder vum Aloyse sengem Papp gewunnt. D'Famill hat do eng Epicerie. "Mäi Papp, déi waren zu 13 Kanner. 12 Jongen, mäi Papp war den 12. an dat 13. war e Meedchen. Si haten e grousst Haus. Do si mir gutt ënnerkomm". Zréck zu Diddeleng war d'Wunneng vun der Famill Schartz futti bombardéiert. "Da musst dir an d'Schoul op d'Stréi schlofe goen", huet de Buergermeeschter dem Aloyse sengem Papp geäntwert. "Dat huet mäi Papp ni verquësst".

"Merde, déi bombardéieren d'Stad"

Den Aloyse huet dacks mat e puer Kolleegen um Schlakentipp gespillt. Sou och en Dag, wéi Diddeleng vu Fliger bombardéiert gouf. "Mir haten nëmme moies Schoul. Mëttes war keng Schoul. Um Däich sinn ech an d'Schoul gaangen. Do war ech mam Kremesch Rudy och um Tipp an do hu mir de Fligeren nogekuckt. Op eemol gesi mir esou wäiss Sträifen erofgoen an dunn huet et geknuppt. Merde, déi bombardéieren d'Stad. An du si mir séier heem gerannt".

Besuch vum Prënz Felix a Prënz Jean zu Diddeleng

Den 12.September 1944 koumen de Prënz Felix an de Prënz Jean op Diddeleng. Honnerte vu Leit stoungen deen Dag laanscht d'Stroossen, fir si ze begréissen.

10.Mee 1940 – den Aloyse Schartz erënnert sech - Deel 4
Viru 86 Joer ass d'Wehrmacht an Diddeleng agezunn. Vill Awunner sinn duerno fortgelaf a koumen eréischt Joren duerno nees zréck an d'Heemecht.

Den 21. August 1961 huet den Aloyse Schartz sech mam Tina bestuet. D'Koppel huet ee Meedchen: d'Rita Schartz. 1980 sinn dem Aloyse Schartz seng Eltere bannent nëmme 4 Wochen noenee gestuerwen. De Papp, Ferd Schartz gouf 74 Joer al. D'Mamm, d'Olga Schlesser, ass mat 72 Joer gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO