
Dem CGDIS gouf en Dënschdeg de Moien en Accident zu Rolleng gemellt. Géint 11:30 Auer krute sech an der Route de Luxembourg zwee Autoen ze paken. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert a kruten Hëllef vun de Rettungsekippe vu Péiteng an dem SaDiff.
Ee weidere Virfall op de Stroosse krut de CGDIS dann nach en Dënschdegnomëtteg géint 16:44 Auer gemellt. An der Rue de Noertzange zu Keel gouf eng Persoun verwonnt, déi mat hirem Moto gefall ass. D'Pompjeeë vu Keel an d'Ambulanz vun Diddeleng war am Asaz.