
E Méindeg den Owend krut d'Police gemellt, dass et an der Stad an der Rue Sainte-Zithe e Sträit tëscht engem Mann an enger Fra gouf. Eng Passantin ass op de Sträit opmierksam ginn an huet der Fra gehollef ze flüchten. Doropshi koum et zu enger Ausernanersetzung tëscht dem Täter an der Passantin. Och déi Fra huet du probéiert ze flüchten, ma de Mann ass hir nogelaf an huet e puer mol op si ageschloen, éier et och nach zu engem sexuellen Iwwergrëff komm ass.
Eréischt wéi e puer Passante gesinn hunn, wat geschitt, huet de Mann d'Fra mat Rou gelooss. E konnt nach op der Plaz vun der Police gestallt ginn a gouf op Uerder vum Parquet verhaft.