Käerjenger Contournement3 Organisatioune mat Appell un déi politesch Responsabel, net mat den Aarbechten unzefänken

Maxime Gillen
D'Biergerinitiativ Suessem, de Mouvement écologique an Natur & Ëmwelt fäerten, dass der Natur ze vill geschuet an onnéideg Steiergelder ausgi ginn.
© Christophe Hochard

Et dierf net ugefaange gi mat bauen, ier et eng definitiv Decisioun vum Geriicht gëtt. Dat ass d‘Fuerderung vun der Biergerinitiativ Suessem, dem Mouvement écologique an der Sektioun Kordall vun Natur & Ëmwelt am Dossier Käerjenger Contournement.

An engem Schreiwes appelléieren si en Dënschdeg un déi politesch Verantwortlech, op kee Fall wéi geplangt am Hierscht mat den Aarbechte fir d‘Ëmgoungsstrooss unzefänken. Sollt de Projet nämlech vum Geriicht gekippt ginn, hätt ee grousse Schued an der Natur gemaach an onnéideg Steiersuen ausginn.

Weider fuerderen déi dräi Organisatiounen, datt déi ursprénglech Decisioun, fir e Contournement ze bauen an dofir Bësch an Naturschutzgebidder ze zerstéieren, revidéiert gëtt.

HEI de Communiqué op Däitsch.
HEI de Communiqué op Franséisch.

Back to Top
CIM LOGO