
D'Europäesch Unioun wollten d'Sanktioune géint déi russesch Milliardären Alischer Usmanow a Michail Fridman fale loossen. Déi 27 EU-Memberlänner hate sech e Méindeg grondsätzlech dorop gëeenegt, dass déi zwee Geschäftsleit vun der Sanktiounslëscht gestrach ginn. Viraussetzung wier, dass bannent dem Delai kee Land an der EU der Decisioun méi e Veto gëtt. Ma de Veto koum, an dat vu Lettland. Déi lettesch Ausseministesch sot op X, d'Sanktioune géint Russland misste gestäerkt, an net geschwächt ginn.
EU-Diplomaten no soll et en Dënschdeg de Moien nei Gespréicher ginn, fir eventuell awer nach een Accord ze fannen.
D'Decisioun, déi zwee Milliardäre vun der Sanktiounslëscht ze sträichen, war u sech als Deel vun engem méi grousse Kompromëss geplangt: Am Géigenzuch dozou hätten d'Sanktioune géint Dausenden aner Persounen an Entreprisen, déi wéinst dem Krich vu Russland géint d'Ukrain op der Lëscht stinn, fir dräi Joer verlängert solle ginn. Bis ewell hunn all d'Sanktioune géint Eenzelpersounen all sechs Méint eestëmmeg missen erneiert ginn.
Een Dag ier d'EU-Sanktioune géint Russland hu misse renouvelléiert ginn, ware sech d‘EU-Memberlänner ufanks nach net eens, wéi et mat dëse Sanktioune sollt virugoen.
Lëtzebuerg wier eent vun de Länner gewiescht, dat gefuerdert hat, datt och de russesche Geschäftsmann Michail Fridman vun der Sanktiounslëscht gestrach misst ginn. Op d’Fro, ob dat der Lëtzebuerger Regierung hir offiziell Positioun wier, fir de Mikhail Fridman vun der Lëscht huelen ze loossen, hat och de Finanzminister Gilles Roth eis geäntwert: "D'Lëtzebuerger Regierung ass do, fir d'Interesse vu Lëtzebuerg an d'Interesse vu senge Biergerinnen a Bierger ze vertrieden an dat maache mer och an deem doten Dossier."
De Mikhail Fridman fuerdert vu Lëtzebuerg Schuedenersatz vu 16 Milliarden Dollar, dat well seng Avoiren zu Lëtzebuerg agefruer goufen, wéi hien op d'Sanktiounslëscht komm ass. Iwwert déi Plainte wäert e Schidsgeriicht zu Hongkong decidéieren.

Den Usmanow an de Fridman goufen nom Ufank vun der russescher Groussinvasioun an der Ukrain am Joer 2022 op d'Sanktiounslëscht vun der EU gesat. Dozou gehéieren ënnert anerem en Areesverbuet an d'Afréiere vu Verméigen an der EU. Ënnert anerem ginn de Milliardären enk Verbindunge mam Wladimir Putin säitens der EU virgehäit.
Op der europäescher Sanktiounslëscht stinn antëscht eng 3.000 russesch Leit an Organisatiounen.