
Zanter en Dënschdeg sinn 31 nei Petitiounen online. Bis den 2. November musse se vun op d’mannst 5.500 Leit ënnerschriwwe ginn, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kënnt. Eng Petitioun fuerdert beispillsweis en nationale Plang, fir ëffentlech Gebaier ofzekillen, eng weider just nach 7-Stonne-Schaffdeeg am Juli an am August, wou och de Congé collectif soll ofgeschaaft ginn.
A weidere Petitioune soll Boergeld an der Verfassung verankert an och digitalen Zougang zu Schoulbicher erméiglecht ginn. Eng wuel méi gewote Petitioun fuerdert dann nach, dass iwwert e Fräizäitpark zu Lëtzebuerg soll nogeduecht ginn.
Déi komplett Lëscht fënnt ee wéi gewinnt op petitiounen.lu.
An engem Mount ass iwwerdeems deen nächsten ëffentlechen Debat um Krautmaart, wou et ëm d'Stäerkung vum Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch geet.