
Nodeems de klassesche Programm vum City Breakfast - vun engen 5.800 Schüler bei der Rentrée am Préscolaire a Primaire, iwwert de Plan climat, un deem d’Stad schafft - duerch war, koum d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer éischter iwwerraschend bei e Punkt, deen net um Ordre du jour stoung. Nämlech mat weideren Detailer zum brutalen Ugrëff op eng Fra de 17. August an der Groussgaass.
"D’Madamm huet mer an engem Bréif geschriwwen, dass duerno gesot gi wier, et wiere Leit op der Plaz gewiescht, déi hier net gehollef hätten. An dat ass net wouer", huet d’Lydie Polfer ënnerstrach. Si wier a Kontakt mat der Fra gewiescht, déi hir och erlaabt hätt, dës Richtegstellung ze maachen.
Fir d’éischt emol wier d’Dot net an der Groussgaass, mee bannen am Gebai passéiert. An et géing och net stëmmen, dass keen hir dono gehollef hätt. Et wier nämlech esou, dass si just ee Clochard, deen an der Strooss geschlof hätt, an ee Mann deen drogéiert war, begéint hätt, ier si op d'Police gestouss wier. D'Police hätt den Ugräifer dann och direkt kënne festhuelen.
De Parquet ermëttelt aktuell an der Affär wéinst versichtem Doudschlag, Kierperverletzung, Vergewaltegung, sexueller Aggressioun a Vol. An engem Communiqué hat de Parquet geschriwwen, d'Fra hätt wuel no der Dot Leit ëm Hëllef gefrot, awer keng direkt Hëllef kritt. Allerdéngs lafen hei d'Ermëttlungen nach, woufir de Saz och am Conditionnel passé geschriwwe war. Dass keen hir gehollef hätt, konnt d'Buergermeeschtesch sech schwéier virstellen.
"Ech hu si dat och direkt gefrot, dat wier jo schockant gewiescht, wann do Leit, déi do normal waren, net gehollef hätten. An dunn huet se mer gesot, dass dat net wouer wier. Dass dat net esou wier", sou d’Lydie Polfer. D’Fra hätt dann nach gesot, si wéilt all deene Leit Merci soen, déi hir gehollef hätten - der Police an de Leit am Spidol.
E weidere Sujet, deen zwar net op der Agenda vum City Breakfast stoung, mee d'Journaliste beschäftegt huet, sinn déi heefeg Observatioune vun Dronen an de leschten Deeg. Iwwert dem Territoire vun der Stad wier si net iwwer esou Siichtungen informéiert, huet d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer op Nofro hi betount. Ausserdeem wier dat net am Kompetenzberäich vun der Stad, mee misst op nationalem Niveau gereegelt ginn.
D'Stad Lëtzebuerg lancéiert dann och nach en neie Klimaplang, fir de Klimaschutz an d'Energietransitioun an den nächste Joerzéngte virunzedreiwen. Prioritéit ass et, de Stroum- an Energieverbrauch ze reduzéieren, manner ofhängeg vu fossillen Energien ze ginn, d'Loftqualitéit ze verbesseren an d’CO₂-Emissiounen ze reduzéieren. "Mir haten zwar eng positiv Tendenz iwwert déi lescht Joren, mee wa mer esou weider fuere wéi bis elo, da geet et net duer, fir d’Klimaziler z’erreechen”, huet d’Klima- an Ëmweltbeoptraagt Maud Lorang ënnerstrach.
Wichteg Punkte wieren dofir d’Renovatioun vu Gebaier an d’Elektrifizéierung vum Transport. Et géingen zwou Méiglechkeete ginn, fir d’CO₂-Emissiounen ze reduzéieren. Manner ze consomméieren oder duerch eng Erhéijung vun den erneierbaren Energien.
De Plang soll zesumme mat Awunner, Proprietären, Entreprisen, Gemengeservicer an ëffentlechen Institutiounen ausgeschafft ginn, ënner anerem iwwer Consultatiounen an eng Online-Iddi-Boîte.
D'Stad knäppt domat un hir Klimaziler un, dorënner 55 Prozent manner CO₂-Emissioune bis 2030 an d'CO₂-Neutralitéit bis 2050, fir d'Gemengeservicer bis 2040. Der Buergermeeschtesch no louchen d'CO₂-Emissiounen 2024 schonn 22 Prozent ënner dem Niveau vun 2014, obwuel d'Bevëlkerung an där Zäit ëm 27 Prozent gewuess wier.