
Kee rengt Lëtzebuerger Phänomen
D'Äntwert ass ganz einfach: Net vill. Vun offizieller Säit aus gëtt et op alle Fall sou gutt ewéi keng Informatiounen. D'Situatioun géing observéiert an de Public informéiert ginn, aus Sécherheetsgrënn géife keng weider Detailer genannt ginn. Do freet ee sech natierlech, ob d'Autoritéiten eng Pist hunn, wat kéint dohannert stiechen, oder ob dat net de Fall ass.
Den Haut-Commissaire à la Protection Nationale Guy Bley wollt RTL géintiwwer haut op alle Fall keen Interview zu der Situatioun ginn. Politesch gesi léist dat scho Reaktiounen aus. Den Deputéierte vun Déi Lénk Marc Baum huet en Dënschdeg de Moien op eiser Antenn vun engem Manktem un Transparenz geschwat.
Gewosst ass also, datt onbekannt Fluchobjeten um Himmel waren, déi kee Signal gesent hunn. Vu ville Plazen am Land hu Leit sech bei eis gemellt, déi Aktivitéiten um Himmel gesinn hunn. E Méindeg war dat ënner anerem am Weste vum Land de Fall.
RTL-Reporter hunn e Méindegowend dann och dräi potentiell Dronen observéiert, déi Richtung déi belsch Uertschaft Baaschtnech aus dem Grand-Duché sollen eraus geflu sinn. Eng Informatioun, déi wéi vill anerer offiziell net confirméiert ass.
Bei Drone geet et vu bis, Privatleit déi mat Hobby-Dronen ënnerwee si fir Fotoen ze maachen, bis bei professionell Apparater déi z.B. am kommerziellen oder och am militäresche Beräich kënnen an den Asaz kommen. Wat war elo am Lëtzebuerger Himmel ënnerwee?
Dat ass schwéier soen a generell schwéier ze erkennen. Dat huet eis en Dronen-Expert Gilles Rock am RTL-Interview gesot. Wann et däischter ass an d'Dron wäit fort ass, wier et schwéier anzeschätzen. Et bestéing och eng gewëss Verwiesslungs-Gefor mat Fligeren. Normal Drone sinn an der Reegel Multikoptere mat 4 Propelleren. Ma et gëtt och aner Typpen, wéi z.B. Apparater mat engem fixe Flillek déi éischter ausgesi wéi e klenge Fliger, déi och eng Zort Start- a Landebunn brauchen, awer vill méi wäit kommen.
Opfälleg Dronenaktivéiten hunn zougeholl an et kann definitiv net vun engem reng Lëtzebuerger Phänomen Rieds goen. An de leschte Méit gouf et op méi Plazen an Europa Tëschefäll mat Dronen, virun allem an osteuropäesche Länner, awer och z.B. am däitsche Leipzig, an der dänescher Haaptstad Kopenhagen, oder am belsche Charleroi.
Do gëtt et natierlech d'Suerg virun engem militäreschen Hannergrond an déi ass net komplett onberechtegt. E Beispill ass Leipzig, wou eng Dron, un där Sprengstoff fixéiert war, am Sécherheetsberäich vum Flughafen ënnerwee war. Virun der polnescher Ostséi-Küst wier virun enger Woch eng russesch Sprengstoff-Dron fonnt ginn, mellt iwwerdeems Warschau. Mä villes ass och do net kloer.
Fir elo eng Parallel mat Lëtzebuerg ze zéie wier Spekulatioun. Et ass am Moment absolut net etabléiert, datt en en Hannergrond an déi Richtung gëtt.
Wat awer kloer ass, ass datt Europa mat enger neier Realitéit confrontéiert ass a muss reagéieren.
D'EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen huet rezent Sécherheetsmesurë proposéiert, fir sech besser virun enger hybrider Krichsféierung ze schützen an och Lëtzebuerg ass amgaangen en Ofwier-System fir Dronen opzebauen, ouni sech awer do an d'Kaarte kucken ze loossen.
Wéi kënnen Dronen dann detektéiert an eventuell ofgewiert ginn? Déi Fro hu mer weider ginn un den Nicolas Zharov, Chef vun engem Lëtzebuerger Drone-Produzent. Et géife verschidde Mëttele gi fir Dronen ze detektéieren, Radaren, akustesch, visuell- an thermesch Systemer.
Generell gesi wier et a sengen Ae wichteg fir e robusten Iwwerwaachungs-System ze hunn. Eng Méiglechkeet wier an der Preventioun d'Notzung vun der 5G-Technologie fir den Himmel besser ze iwwerwaachen, eppes wat och Bestanddeel vun de Bréisseler Pläng ass.
Den Domän vun den Drone géing séier evoluéieren, dat géing een an der Ukrain gesinn, seet den Nicolas Zharov, Dronespezialist an niewebäi och President vun der Associatioun Lukraine.
D'Detektéierung ass dat eent, d'Interventioun wier dann déi nächst Etapp. Do géifen et am Prinzip zwou Methode ginn. Déi kineetesch, wat an einfache Wierder heescht, datt d'Dron physesch ofgefaange gëtt. Beim Brouillage geet et dogéint drëm, d'Signal ze stéieren.
D'Dronen-Aktivitéiten haten op alle Fall schonn hir Konsequenzen zu Lëtzebuerg, och finanzieller. De Flughafen um Findel huet zwee mol misste gespaart ginn. Eleng d'Luxair huet e Freideg 17 Volle missten ëmleeden.
Den Daniel Colling vun der Luxair huet vun engem Schued vun e puer Honnertdausenden Euro geschwat.