Däitsch Medie mellenMataarbechter op Münchener Oktoberfest stierft an Accident op engem Spill

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend ass op engem Spill um Münchener Oktoberfest ee Mataarbechter an engem Accident ëm d'Liewe komm.
Um Oktoberfest koum et zu engem déidlechen Tëschefall.
Um Oktoberfest koum et zu engem déidlechen Tëschefall.
© FELIX HORHAGER/dpa Picture-Alliance via AFP

De Virfall wier op engem sougenannte "Freefall-Tower" geschitt, wou d'Gäscht aus der Loft an hire Sëtzer Richtung Buedem "fale gelooss" ginn. Déi däitsch "Bild" mellt, d'Affer wier een 52 Joer ale Mann mat serbescher Nationalitéit. Hie wier nom Accident e Méindeg den Owend géint 22 Auer fir d'éischt op der Plaz reaniméiert ginn, ma méi spéit wier hien dunn awer am Spidol gestuerwen.

Dem SRF mellt, de Mann - ee Sécherheetsmataarbechter - hätt sech méiglecherweis an engem Beräich opgehalen, an deem hien net hätt dierfe sinn. Do wier hie getraff oder och agequetscht ginn, huet et vun der Police geheescht.

Dat 191. Oktoberfest huet e Samschdeg de Moien seng Dieren opgemaach a geet nach bis de 4. Oktober. Eréischt e Samschdeg den Owend hat et een Tëschefall ginn, wou eng 40 Gäscht Minuttelaang kappiwwer op engem Spill houngen - ronn 10 Meter iwwert dem Buedem.

Back to Top
CIM LOGO