
De Ministère fir d'Héichschoulen huet och bei der zweeter Ausschreiwung keen Auditeur fonnt, fir d'Gouvernance vun der Uni auditéieren ze loossen. Dat äntwert d'Héichschoulministerin Stéphanie Obertin der LSAP-Deputéiert Liz Braz. Et wier keng eenzeg Offer erakomm.
Beim éischten Appell hat keng Offer de Krittäre vum Cahier de charge entsprach. Elo kann de Ministère de Marché fir den Audit an enger Procédure négociée verginn, ouni, datt en nach emol muss ausgeschriwwe ginn.
Iwwerdeems hat de Conseil de gouvernance vun der Uni zwou Offere kritt, fir säin eegenen Audit iwwer d'Organisatioun an d'Aarbechtsklima op der Uni. D'Firma Pétillances krut den Optrag fir ronn 100.000 Euro TTC. Si soll am Juni d'nächst Joer Resultater virleeën.