De Commerce kann nees opmaachen. Dat gëllt och fir d’Soins à la personne, beispillsweis d'Coiffeuren. Hei gëtt et keng legal Reegelen. D'Geschäfter sinn an der Eegeverantwortung. Och wann eng Rei Geschäfter nach d’Rolllueden erof haten, ware scho vill Leit an der Stater Groussgaass ënnerwee, fir endlech nees ze shoppen. D’Geschäftsleit sinn och méi wéi frou, dass se nees Clienten am Buttek dierfen empfänken, nodeems se an de leschte Woche staark Aboussen hu missen erdroen. D’Commerçante versichen elo, mat Desinfektiounsmëttel, Händschen a Plexiglas an natierlech dem obligatoresche Mondschutz sech an hir Clientë beim Akafen esou gutt et geet ze schützen.
Weider zou bleiwen zum Beispill Fitnesszenteren, Kinoen, Danzschoulen oder Spillplazen.
Sportlech Aktivitéiten am Fräie sinn nees erlaabt, soulaang et sech net ëm Kontaktsport handelt. Vestiairen an Dusche bleiwen awer weiderhin zou.