Zanter Enn Mäerz hunn d'Femmes socialistes, also d’Fraenorganisatioun vun der LSAP, eng nei Presidentin: d’Jasmine Pettinger. An der Gemengepolitik ass si scho méi laang aktiv, genau sou am Nationale Fraerot.
Mir schwätzen en Dënschdeg de Moien iwwer hiren Engagement. Wat motivéiert si? Wéi soll méi Chancëgläichheet entstoen? A kann d’LSAP-Propos, fir de Mindestloun ëm 200 Euro ze héijen, wierklech d'Strooss halen?
D’Jasmine Pettinger ass um 8 Auer live am Interview.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.