56,2 Prozent Fraen3.957 Kandidate fir d'Premièresexamen ageschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Den 18. Mee fänken d'Examen am Secondaire Classique an am Secondaire Général un.
Premièresexamen 2024
© Lynn Cruchten / Marc Hoscheid / Archivbild

Fir d'Summersessioun vun de Premièresexame sinn 3.957 Kandidaten ageschriwwen. 56,2 Prozent jonk Fraen an 43,8 Prozent jonk Männer, wéi den Educatiounsministère matdeelt.

D'Examen am Secondaire Classique an am Secondaire Général fänken nächste Méindeg den 18. Mee un. Am General sinn 2.207 Schüler fir d'Examen ageschriwwen, am Klassik 1.750. Dobäi kommen 10 Schüler, déi hir Première an Owescoursë gemaach hunn.

1.674 Membere vun 272 Examenskommissiounen evaluéieren déi schrëftlech, oral oder praktesch Examen.

Back to Top
CIM LOGO