
Bei enger Schéisserei am Drogemilieu zu Nice sinn den Autoritéiten no zwee Leit ëm d'Liewe komm, dräi weiderer goufe blesséiert. De Virfall e Méindeg stéing am Zesummenhang mat der Drogekriminalitéit a wier an engem soziale Brennpunkt vun der Stad geschitt, heescht et vum Procureur Damien Martinelli. Zu Nice war et an de leschten Deeg e puer Mol zu Schéissereien a Gewaltdoten am Drogemilieu komm.
"De Krich géint den Drogenhandel dierf net mat enger Néierlag vun der Republik op en Enn goen", esou de Buergermeeschter vun Nice, den Éric Ciotti, op X. D'Stad géing "eng adequat Reaktioun" erwaarden, virun allem weider Verstäerkung fir d'Police.
Déi lescht Zäit war d'Zuel vun de Gewaltdoten am Drogemilieu an e puer Regiounen uechter Frankräich geklommen. Zanter Januar huet de Parquet, deen op organiséiert Kriminalitéit spezialiséiert ass, komplex Ermëttlungen am Zesummenhang mam Drogemilieu geleet.