Käschten a MilliardenhéichtGinn d'Prioritéite bei de groussen Defense-Projete richteg gesat?

Jeannot Ries
D'Chamberkommissioune fir Budget a Verdeedegung hu sech mam Suivie vun de groussen Defense-Projete beschäftegt.
Ginn d'Prioritéite bei de groussen Defense-Projete richteg gesat?
D'Chamberkommissioune fir Budget a Verdeedegung hu sech mam Suivie vun de groussen Defense-Projete beschäftegt.

Et si Projeten déi sech iwwer Joren zéien, iert se stinn. Do ass de Belsch-Lëtzebuerger Reconnaissance-Batailloun e gutt Beispill. 2022 gouf deen definitiv vun der Yuriko Backes hirem Virgänger, dem François Bausch op d'Schinne gesat. Vun 2028 u gëtt et konkreet. Mat ënner anerem dem Rekrutement, deen uleeft. Éischt Rechnunge mussen awer elo scho bezuelt ginn.

D'Evolutioun wier positiv, sou den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach: "Mir hunn engersäits Etüde lafen, fir d'Infrastrukturen. Mee natierlech och de grousse Kontrakt dee leeft, fir déi Panzeren an dat ganzt Material op Lëtzebuerg ze kréien. Bon, et gesäit een an de Chifferen, datt Suen ausgi ginn. Dat ass positiv, well dat heescht jo, datt de Projet och no vir geet. An da gesäit een natierlech och an deene ganze Projektiounen, datt, wann een elo iwwer Antimissile-Ofwier schwätzt, datt dat och grouss Zomme sinn, wou en elo muss kucken, wéi een déi natierlech finanzéiert."

Loftofwier, en neit NATO-Zil

RTL Informatiounen no kéim dee Projet no ronn 9 Méint esou lues an d'Endphas. Hei géif et konkret Kontakter mat engem franséische Fabrikant. D'Ministesch huet sech en Dënchdeg awer nach bedeckt gehalen.

"Dat si ganz komplizéiert, ganz komplex Projeten, wou ech menge mir eis och sollen déi néideg Zäit loossen, fir hei déi richteg Decisioun kënnen ze huelen. Op Basis vu sämtlechen Informatiounen, déi Negociatiounen an Analysen, déi lafen de Moment", sou d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes

En Aushängeschëld weltwäit, ass den Knowhow wat Satellitten-Technologien ubelaangt. Do gëtt et de "Govsat 2", fir sécher Telekommunikatioun aktiv preparéiert "Do ass eng reell Demande do", sou d'Verdeedegungsministesch. Dat ass och am Finanzéierungsgesetz mat agebaut, datt virum Launch sougenannt Government-to-Government-Accorde kënne gemaach ginn. Dee maat der Belsch ass schonn ënnerschriwwen. Mat anere Länner ginn et ganz enk Kontakter.

Déi richteg Prioritéite setzen

An enger Welt, déi duerch de geopolitesche Brëll gekuckt, extreem séier evoluéiert, begréisst den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach zum Beispill och, datt Lëtzebuerg iwwerleet, wéi ee sech a punkto Dronen-Ofwier opstelle kann. Iwwerdeems de Marc Goergen vun de Piraten eenzel Prioritéiten a Fro stellt. Kritesch gesäit den Deputéierten dee geplangte Militärzenter zu Suessem, um Uerschterhaff. Dëse wäert dem Deputéierten no en Impakt op de ganze Kordall hunn.

"Mir sinn enger Loftofwier, si mer méi positiv géigeniwwer gesënnt, wéi elo déi Panzeren do ze kafen. Dat ass eeben, dat muss een ofweien, wat ee mécht. Och d' Satellittekommunikatioun gesi mir vill méi positiv. Do kann een och vill méi domat maachen."

Projeten a Milliardenhéicht, déi finanzéiert musse ginn

"Mir hunn en Zil, wou Lëtzebuerg sech engagéiert huet, fir nach konsequent eropzegoe mat den Defenseausgaben. An alles dat ass net budgetiséiert. Et kommen nach eng ganz Rëtsch aner Depensen natierlech dobäi, wéi eng Steierreform, déi geplangt ass. Jo, natierlech mécht dat eis Suergen, wa mer déi aktuell Situatioun gesinn, wa mer gesinn, dass et dauernd driwwer rieds geet, nach Steieren erofzesetzen, fir d'Entreprisen oder fir och Leit, déi dat net onbedéngt brauchen", sou d’Sam Tanson vun déi Gréng

Eleng déi nei NATO-Ziler, iwwer déi e Méindeg diskutéiert gouf, géifen eng dräi Milliarden Euro kaschten, mat direkt vun 2027 un Projeten de loi, déi honnerte Milliounen Euro engagéiere wäerten.

Back to Top
CIM LOGO