
Zënter e puer Méint gouf et zu Lëtzebuerg eng Serie vu geziilten Déifställ vu Luxus-SUVen. Bal 20 Gefierer goufe geklaut, wat e Schued vun e puer Milliounen Euro verursaacht huet.
Zwou Persoune konnten elo identifizéiert ginn, déi am Verdacht stinn, zu engem international organiséierte Reseau ze gehéieren. Dat deelt de Parquet e Méindeg de Moien an engem Schreiwes mat.
Mat Hëllef vun enger enk koordinéierter Zesummenaarbecht mat de franséischen Autoritéite goufen déi zwee Verdächteger de 24. Juli a Frankräich festgeholl. Bei Hausperquisitioune gouf spezialiséiert elektronescht Material séchergestallt, dat speziell fir d'Klaue vun Autoen agesat gëtt.
Mat dëser Aktioun ass de véierte kriminelle Reseau, dee sech op den Déifstall vu Luxusautoe spezialiséiert hat, bannent manner wéi engem Joer zu Lëtzebuerg zerschloe ginn. Fir déi zwou Persounen, déi fest geholl goufen, gëllt weiderhin d'Presomptioun d’innocence.