Véier BlesséierterZwee Motocycliste gefall, en Auto op der Kopp an zwou Kollisiounen um Méindeg de Moien

Andy Brücker
Bei insgesamt véier Accidenter goufen et e Méindeg de Moie véier Blesséierter.
© Jeannot Ries

Kuerz no 7 Auer ass zu Bieles an der Escher Strooss e Motocyclist mat senger Maschinn gefall a verwonnt ginn.

Géint 8.45 Auer ass tëscht Useldeng a Bëschdref en Auto op der Kopp gelant.

Kuerz virun 10 Auer ass op der A4 a Richtung Stad e Motocyclist mat senger Maschinn gefall.

Kuerz virun 10.30 Auer huet et zu Nouspelt gerabbelt, méi genee an der Rue de Kehlen. Zwee Autoe sinn hei net laanschtenee komm.

Bei all deenen Accidenter gouf jeeweils eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO