Garer QuartierZwee Drogendealer op frëscher Dot erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Sécherheetskontroll um Terrain vun engem sozialen Etablissement an der Route de Thionville an der Stad sinn 2 Drogendealer festgeholl ginn.
© Police

Bei der Kontroll ass de Beamten opgefall, dass Objeten an och Geld ausgetauscht ginn ass. Verschidde Persounen hunn hei Kontakt zu zwee Männer opgeholl, déi do um Terrain Droge verkaaft hunn.

Déi zwee Männer hunn am Géigenzuch fir d'Droge Geld an elektronesch Objeten ugeholl.

De Beamten ass dat opgefall, wouropshin d'Zelter vu béide Männer kontrolléiert goufen. Hei huet een Heroin, Kokain, elektronesch Objeten an Handye fonnt.

Bei de presuméierten Dealere selwer an hire Clienten hunn d'Beamte weider Droge fonnt.

Op Uerder vum Parquet si béid Männer festgeholl ginn a koume virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO