Hanta-VirusCroisièresschëff "MV Hondius" um Wee zréck Richtung Holland, drëtt Infektioun confirméiert

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Woch war um Croisièresschëff "MV Hondius" den Hanta-Virus ausgebrach. Mëttlerweil goufen all Passagéier evakuéiert an d'Schëff fir eng komplett Desinfektioun zréck an Holland geschéckt.
© Photo by JORGE GUERRERO / AFP

Dat hollännescht Croisièresschëff "MV Hondius", op deem den Hanta-Virus ausgebrach war, ass elo ganz evakuéiert a mëttlerweil um Wee vun de Kanaren a Richtung Holland. E Méindeg den Owend ass et mat engem Rescht-Equipage aus dem Hafe vun Teneriffa fortgefuer a wäert an Holland elo komplett desinfizéiert ginn.

Antëscht ass, no den zwou Persoune vum Méindeg, eng drëtt Infektioun vun engem Passagéier confirméiert. Nieft dem Fransous an dem US-Amerikaner ass elo och e Spuenier positiv getest ginn. Hien ass aktuell a Quarantän an engem Spidol zu Madrid, géif awer nach keng Symptomer opweisen, heescht et vum spuenesche Gesondheetsministère.

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO