
D'Passagéier ginn ënner strenge Sécherheetsmesuren ausgeflunn an a Quarantän bruecht.
De Sonndeg de Moie fréi ass d’Croisièresschëff virun der Küst vun Teneriffa ukomm. D’Schëff ankert virum Hafe vu Granadilla. Dokteren an Equippe vun de Gesondheetsautoritéite sinn als éischt u Bord gaangen. All Passagéier an och d’Crew goufen nach eng Kéier medezinesch kontrolléiert. Offiziellen Informatiounen no géing keng Persoun u Bord den Ament Symptomer weisen.
Am spéide Sonndegmoie goufen d’Passagéier a klenge Gruppe mat Booter vum Schëff op d’Festland bruecht. Als éischt goufen déi spuenesch Staatsbierger evakuéiert. Um Quai stounge Militärbusser prett. D’Passagéier hu keen direkte Kontakt mat der Bevëlkerung a goufen ënner strenge Sécherheetsmesuren direkt op de Flughafen Teneriffa Süd bruecht. Vun do aus starten zanter dem Sonndeg de Mëtteg Spezialflich a Militärmaschinnen an eng Partie europäesch Länner. Frankräich, Däitschland, Belsch, Holland, Irland oder Groussbritannien hunn eege Fligere geschéckt, fir hir Bierger z'evakuéieren. Déi franséisch Passagéier ginn op Paräis geflunn a mussen do fir d’éischt 72 Stonnen an Isolatioun. A Groussbritannie sollen d’Patienten an engem Spidol bei Liverpool iwwerwaacht ginn.
Zwee Belsch goufe mëttlerweil ënner strenge Sécherheetsmesuren op Antwerpen geflunn, wou se elo an enger spezialiséierter Klinik ënner Observatioun stinn. Och véier däitsch Staatsbierger sinn an Tëschenzäit zu Frankfurt ukomm, grad wéi ee Fransous zu Paräis, dee Symptomer gewisen hätt.
D’Weltgesondheetsorganisatioun WHO recommandéiert, fir all d’Passagéier eng méi laang Quarantän. All d’Leit u Bord gëllen als Héichrisiko-Kontaktpersounen.
Den Ausbroch vum Hanta-Virus war wärend der Croisière entdeckt ginn. Aacht Persoune waren erkrankt, dräi Mënschen si gestuerwen, dorënner eng däitsch Koppel an en hollännesche Staatsbierger. D’Schëff war doropshi vun de Kapverden aus Richtung Spuenien ëmgeleet ginn. D’WHO an d’EU hate Spuenien gefrot, déi international Evakuatioun ze koordinéieren.
Och wäit ewech vun Teneriffa gouf eng Hëllefsaktioun gestart. Op der brittescher Insel Tristan da Cunha ass e medezinescht Team vun der brittescher Arméi mam Fallschierm ofgesprongen. Ee Passagéier, deen éischter vu Bord gaange war, wunnt op der Insel, déi matten am Südatlantik läit.