
Betraff si Bierger aus sechs verschiddene Länner an dräi Mënsche si bis ewell gestuerwen. D'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an déi verschidden national Gesondheetsautoritéite mellen, datt weider verdächteg Fäll a méiglech enk Kontakter vun infizéierte Persounen nach ënnersicht ginn.
Bei hollännesche Staatsbierger ginn et dräi Fäll am Zesummenhang mam Virusausbroch um Schëff: Zwee vun den Infizéierte sinn un de Suitte vun der Infektioun gestuerwen, bei enger weiderer Persoun gouf confirméiert, datt si sech infizéiert huet.
Bei den éischten Doudegen handelt et sech ëm eng hollännesch Koppel, déi éier si den 1. Abrëll zu Ushuaia an Argentinien u Bord gaange sinn, schonn a Südamerika ënnerwee waren. De Mann, 70 Joer al, hat de 6. Abrëll Symptomer gewisen an ass kuerz drop, den 11. Abrëll, gestuerwen. Seng Läich gouf beim Tëschestopp vum 22. bis de 24. Abrëll op Saint Helena, enger Insel am Südatlantik, vum Schëff geholl. Well keen Hantavirus-Test gemaach gouf, gëllt hien der WHO no als "warscheinleche Fall."
Seng 69 Joer al Fra huet d'Schëff op Saint Helena och verlooss, well et hir net gutt goung. Hire Gesondheetszoustand huet sech wärend engem Fluch de 25. Abrëll op Johannesburg verschlechtert. Si ass een Dag méi spéit am Spidol gestuerwen. De 4. Mee gouf bei hir den Hantavirus confirméiert.
Den drëtten hollännesche Fall ass den Dokter, deen um Schëff geschafft huet. Hien huet den 30. Abrëll Symptomer gemellt an en Test de 6. Mee war positiv op den Andes-Stamm vum Virus. Nach de selwechten Dag gouf hien no engem Tëschestopp am Cap Vert an Holland evakuéiert. Den Autoritéiten no ass säin Zoustand stabil, hie koum awer an Isolatioun.
Bei brittesche Staatsbierger goufen zwee Fäll confirméiert, een zousätzleche Fall gëllt als warscheinlech.
Ee brittesche Mann ass de 24. Abrëll mat Zeeche vu Féiwer a Longenentzündung krank ginn. Dräi Deeg méi spéit gouf hie vun der Atlantikinsel Ascension a Südafrika evakuéiert, wou hien op d'Intensivstatioun koum. Den 2. Mee gouf den Hantavirus confirméiert, d'Sequenzéierung huet dono den Andes-Stamm nogewisen.
En zweete Britt, dee Guide um Schëff war, huet de 27. Abrëll Symptomer gemellt a gouf de 6. Mee positiv getest. Hie gouf de 7. Mee vum Cap Vert aus an Holland evakuéiert. Och hie gëtt isoléiert behandelt a wier aktuell an engem stabillen Zoustand.

En drëtte brittesche Mann hat d'Hondius schonn de 14. Abrëll um ofgeleeëne Südatlantik-Archipel Tristan da Cunha verlooss a gouf do isoléiert behandelt. Hien huet den 28. Abrëll Symptomer gemellt. D'WHO klasséiert hien als warscheinleche Fall, bis d'Resultater aus dem Labo virleien. Dem Ministère no si brittesch Fallschiermjeeër a Medezinner iwwert der Insel, op där eng 220 Leit liewen, ofgesprongen, fir him dréngend medezinescht Material ze bréngen.
Eng däitsch Fra, déi den 28. Abrëll Féiwer hat an duerno eng Longenentzündung entwéckelt huet, ass den 2. Mee u Bord vum Schëff gestuerwen.
Eng Prouf vun hir, déi nom Doud geholl gouf, gouf zesumme mat den evakuéierte Patienten an Holland geschéckt. Do hunn Tester eng Infektioun mam Andes-Virus confirméiert. Hir Läich ass u Bord vun der Hondius bliwwen. D'Schëff sollt e Méindeg vun der spuenescher Insel Teneriffa aus a Richtung Holland fortfueren.
E Schwäizer ass den 22. Abrëll op Saint Helena vun der Hondius erofgaangen an de 27. Abrëll iwwer Südafrika a Katar an d'Schwäiz geflunn. No senger Arrivée an der Schwäiz huet hien den 1. Mee Symptomer entwéckelt. Hie gouf isoléiert an de 5. Mee positiv op den Andes-Virus getest.
Eng Franséisin, déi vun der Hondius zeréck a Frankräich bruecht gouf, huet sech den 10. Mee net wuel gespiert a gouf positiv op den Hantavirus getest. Dat huet déi franséisch Gesondheetsministesch Stephanie Rist matgedeelt.
Vu 17 US-Bierger, déi vum Schëff zréck an d'USA bruecht goufen, hat eng Persoun den 10. Mee e liicht positive PCR-Test op de Virus. Eng zweet hat liicht Symptomer, esou den US-Gesondheetsministère.
Nieft de Persounen, déi schonn hei am Artikel erwäänt goufen an déi sécher oder warscheinlech den Hantavirus hunn, waren nach 22 weider Passagéier u Bord vun der MV Hondius, nieft den 32 Leit vum Equipage.

Wärend d'Persoune vum Equipage um Schëff bleiwen, wat a Richtung Holland fiert, ginn déi aner Persoune mat engem Fliger an Holland bruecht. Déi spuenesch Autoritéiten hunn hei uginn, datt déi d'Leit mat engem eenzege Fliger wäerten evakuéiert ginn, ma wéi et vun der Air Rescue heescht, wiere si a Richtung Kanaren ënnerwee, fir sechs australesch Staatsbierger ze evakuéieren an op Eindhoven ze bréngen.
U sech war geplangt, datt d'Australier direkt an hir Heemecht ausgeflu ginn. Duerch verschidde Verspéidunge huet dëse Fluch awer missten annuléiert ginn. Dowéinst ginn déi sechs Persounen dann elo vun der Luxembourg Air Rescue en Charge geholl.