Aus PolicekreesserVerdächtegen am Mord un 13 Joer alem Lisa T. ass dout

AFP, iwwersat vun RTL
Den 22 Joer ale Mann, dee virbestrooft war, ass u senge Blessure gestuerwen.
Police virum Haus, an deem d'Läich vum Lisa T. fonnt gouf.
Police virum Haus, an deem d'Läich vum Lisa T. fonnt gouf.
© MARCO PORZIG/dpa Picture-Alliance via AFP

De Verdächtegen am Fall vum 13 Joer ale Lisa T. aus Berlin ass op der Intensivstatioun gestuerwen, heescht et e Mëttwoch aus Policekreesser, déi a verschiddene Medien zitéiert goufen. Fir seng Verletzunge war den 22 Joer ale Mann wuel selwer verantwortlech.

De Mann wier zanter dem 5. November 2026 rechtskräfteg duerch d'Amtsgeriicht Passau zu enger Prisongsstrof vun engem Joer mat integralem Sursis verurteelt gewiescht. Dat huet de Parquet vu Berlin en Dënschdeg gemellt. Domat huet de Parquet éischt Informatiounen korrigéiert, deenen no de Mann net virbestrooft war.

D'Verurteelung zu Passau wier nach net am Bundeszentralregëster hannerluecht ginn an hätt de Parquet vu Berlin net virleie gehat, heescht et an der Erklärung. De Parquet Passau hätt am November 2025 den Handy vum Verdächtege séchergestallt, op deem iwwer 900 kannerpornografesch Donnéeë fonnt gi wieren.

D'Berliner Justiz geet weiderhin dovun aus, datt d'Meedchen zoufälleg Affer vum 22 Joer ale Pedokriminelle war. "Am Laf vun den Ermëttlungen hu sech weiderhi keng belaaschtbar Hiweiser zu enger Relatioun tëscht dem Beschëllegten an dem Doudesaffer erginn", heescht et en Dënschdeg.

D'Läich vum 13 Joer ale Lisa T. an de Verdächtegen, dee schwéier blesséiert war, waren e Sonndeg an engem Haus, dat eidel steet, zu Bad Freienwalde a Brandenburg fonnt ginn. Hie gouf antëscht ouni Zweiwel identifizéiert, hat et schonn e Méindeg vun den Ermëttler geheescht. De Mann hat déi däitsch Nationalitéit an huet zu Berlin gewunnt.

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu

Back to Top
CIM LOGO