Mord un 13 Joer alem Lisa T.Meedche war wuel Zoufallsaffer vu Pedokriminellem

AFP, iwwersat vun RTL
No enger deeglaanger Sich gouf dat 13 Joer aalt Lisa T. a Brandenburg an engem eidelen Haus fonnt. D'Ermëttler hunn nei Detailer zum presuméierten Täter genannt.
Police virum Haus, an deem d'Läich vum Lisa T. fonnt gouf.
D'Police virum Haus, an deem d'Läich vum Lisa T. fonnt gouf.
© MARCO PORZIG/dpa Picture-Alliance via AFP

De presuméierten Entféierer vum 13 Joer ale Lisa aus Berlin-Marzahn hätt éischten Erkenntnisser no virum Mord um Meedche keng Relatioun zu dësem gehat. Dem Parquet no ass de Verdächtegen 22 Joer al an huet déi däitsch Nationalitéit.

D'Police hat schonn ermëttelt

Hie wier der Justiz och scho bekannt gewiescht. Zanter Januar 2025 hätt ee géint hie wéinst dem Verdacht, kannerpornografesch Contenue kaf ze hunn, ermëttelt. Bei enger Perquisitioun vun der Wunneng vum Mann virun zwee Joer hätt een eng 900 Dateie mat kannerpornografeschen Inhalter séchergestallt. Dës soll hien 2023 kaf hunn.

Bei Ermëttlungen zu Passau goung et deemno ëm "eng Panoplie u weidere presuméierte kannerpornografesche Contenuen" op engem Handy vum Mann. Hien hätt sech zäitweis a Bayern opgehalen.

Mord un 13 Joer alem Lisa T.: Meedche war wuel Zoufallsaffer vu Pedophil
No enger Deeglaanger Sich gouf dat 13 Joer aalt Lisa T. a Brandenburg an engem eidelen Haus fonnt. Elo ginn d'Ermëttler nei Detailer zum presuméierten Täter.

Verdächtege weiderhin a kriteschem Zoustand

D'Meedche gouf zanter en Dënschdeg de Moie vermësst. Hatt hat sech op de Wee an d'Schoul gemaach, war do awer ni ukomm. Schonn e Freideg hat d'Police matgedeelt, datt dat 13 Joer aalt Meedche wuel "net fräiwëlleg vu sengem familiären Ëmfeld ewechgaange wier". E Samschdeg hat et du geheescht, datt vun "enger Strofdot ausgaange gëtt". D'Police hat eng Foto vun der vermësster Schülerin verëffentlecht a méiglech Zeien ëm Hëllef gefrot.

E Sonndeg de Mëtteg dunn hat d'Police no engem Hiweis de Kierper vum Meedchen an engem eidele Gebai zu Bad Freienwalde, net wäit vun der polnescher Grenz ewech fonnt. D'Plaz läit méi wéi 50 Kilometer vun der Wunneng vum Meedchen ewech.

Nieft der Läich vum Meedche gouf den 22 Joer ale Verdächtege mat enger liewensgeféierlecher Schosswonn fonnt. Hie soll probéiert hunn, sech ëmzebréngen, wéi Polizisten d'Haus kontrolléiert hunn. Den Ament ass hien dem Parquet no engem kriteschen Zoustand a gëtt an engem Spidol behandelt.

Méiglech Beweiser séchergestallt

Eng Obduktioun vun der Läich vum Meedchen hätt iwwerdeem bis ewell keng kloer Doudesursaach erginn. Eng Mordkommissioun vum Berliner Landeskriminalamt (LKA) ermëttelt zu den Ëmstänn an dem Mord. An der Wunneng vum Mann am Berliner Quartier Marzahn-Hellersdorf goufe méiglech Beweismëttel séchergestallt. Och am Haus zu Bad Freienwalde war d'Police weider am Asaz. Hiweiser op méiglech Mattäter géing et awer keng ginn.

Back to Top
CIM LOGO