No Fall vu Christa PikeZoustëmmung fir Doudesstrof an den USA op déifstem Stand zanter 55 Joer

AFP, iwwersat vun RTL
No der feelgeschloener Exekutioun vun der Christa Pika war an den USA eng Ëmfro zu der Zoustëmmung fir d'Doudesstrof lancéiert ginn. Den Trend geet éischter erof.
Die Zustimmung zur Todesstrafe ist in den USA auf den niedrigsten Stand seit 55 Jahren gefallen. Laut einer am Dienstag veröffentlichten Umfrage des Instituts Gallup unterstützen 49 Prozent der Erwachsenen in den Vereinigten Staaten die Todesstrafe für verurteilte Mörder.
Ëmmer manner Amerikaner si fir d'Doudesstrof.
© AFP

D'Zoustëmmung fir d'Doudesstrof ass an den USA op den niddregste Stand zanter 55 Joer gefall. Enger Ëmfro vum Institut Gallup no, déi en Dënschdeg publizéiert gouf, ënnerstëtzen 49 Prozent vun den Erwuessenen an de Vereenegte Staaten d'Doudesstrof fir verurteelt Mäerder. 45 Prozent wëlle se net.

D'Ëmfro gouf een Dag no der versichter Hiriichtung vun der Christa Pike, déi schif gaange war. Déi 50 Joer al Pike hat Enn September zu Nashville am Bundesstaat Tenneessee zwou Gëftsprëtzen iwwerlieft - als éischte Prisonéiert vun der rezenter US-Geschicht. D'Pike war 1995 wéinst dem Mord un enger Klassekomerodin zum Doud verurteelt ginn. No enger Behandlung am Spidol ass si antëscht zréck am Prisong a leit eegenen Aussoen no ënner stänneger Péng.

Dem Death Penalty Information Center no ass si déi eenzeg Prisonéier, déi eng déidlech Gëftsprëtz iwwerlieft huet.

Der Laura Porter vun der US-Campagne fir d'Ofschafe vun der Doudesstrof no weist d'Ëmfro, datt d'USA "bei der ëffentlecher Meenung iwwer d'Doudesstrof op engem decisive Moment" wieren. D'US-Bierger wieren "entsat iwwer déi rezent feelgeschloen Hiriichtunge souwéi d'Propos vun enger Liveiwwerdroung vun enger Hiriichtung". Gläichzäiteg hätte souwuel republikanesch wéi och demokratesch Gouverneuren ëmmer méi dacks Begnodegungen ausgeschwat. "D'Doudesstrof gëtt als dat gesinn, wat se ass: e Scheiteren."

Den US-President hat viru Kuerzem no massiver ëffentlecher Kritik iwwer den ëmstriddene Livestream vun enger Exekutioun vum Attentäter Nidal Hasan duerch een Erschéissungskommando ofgesot. De Gouverneur vum Bundesstaat Kalifornien Gavin Newsom huet 548 Doudesurteeler a liewenslaang Prisongsstrofen ëmgewandelt. An 23 vun de 50 US-Bundesstaate gouf d'Doudesstrof antëscht ofgeschaaft, an dräi weideren - Kalifornien, Oregon a Pennsylvania - gëllt e Moratoire.

Déi lescht Kéier louch d'Ënnerstëtzung vun der Doudesstrof am Joer 1971 ënner 50 Prozent - och deemools waren et Gallup no 49 Prozent. Den Institut huet vum 1. bis den 19. Oktober 1.200 Erwuessener per Telefon befrot, d'Feelermarge läit bei véier Prozentpunkten.

Back to Top
CIM LOGO