211 géint 204 StëmmenRepublikaner verhënneren Amtsentheebungsverfare géint Verdeedegungsminister Pete Hegseth

AFP, iwwersat vun RTL
De Pete Hegseth steet zanter der Néierlag vun de Republikaner bei de Kongresswalen ënner staarkem politeschen Drock. Am Mëttelpunkt vun der Kritik steet den Iran-Krich.
© AFP/Brendan SMIALOWSKI

D'Republikaner am US-Representantenhaus hunn en Amtsentheebungsverfare géint de Verdeedegungsminister Pete Hegseth virleefeg gestoppt. Trotz schwéiere Virwërf am Zesummenhang mam Iran-Krich an ëmstriddene Militärasätz steet den US-President Donald Trump weider hannert sengem Minister.

Mat 211 géint 204 Stëmmen hunn d'Deputéiert am US-Representantenhaus en Dënschdeg decidéiert, eng Propos, fir den Hegseth aus senger Fonctioun z'enthiewen, zeréck an den zoustännegen Ausschoss ze verweisen. Domat ass eng direkt Ofstëmmung iwwer en Impeachment virleefeg vum Dësch.

D'Initiativ koum vum republikanesche Kongressmember Thomas Massie, deen als Kritiker vum Donald Trump bekannt ass. Hien hat d'Propos e Méindeg agereecht an dem Minister eng Rei schwéier Amtsverstéiss reprochéiert.

Den Donald Trump huet d'Decisioun vum Representantenhaus begréisst a se als e "Fräisproch fir e groussen amerikanesche Patriot" bezeechent. D'Virwërf géint säi Verdeedegungsminister wieren ouni Grondlag.

Och den Hegseth selwer huet d'Prozedur schaarf kritiséiert. Op senger éischter Pressekonferenz zanter ronn sechs Méint huet hien en Dënschdeg vun engem politesche Spektakel an engem Schauprozess géint de President a säi Minister geschwat.

Och wann d'Demokraten d'Kongresswalen gewonnen hunn, bleiwen d'Republikaner nach bis Enn 2026 an deenen zwou Kummere vum Kongress an der Majoritéit. Fir säin Impeachment-Virstouss duerchzesetzen, hätt den Thomas Massie dowéinst d'Ënnerstëtzung vun anere Republikaner gebraucht.

Fir de Moment ass de Verdeedegungsminister domat politesch entlaascht. Déi schwéier Virwërf géint hien an d'Kontroversen ëm déi amerikanesch Militärpolitik bleiwen awer bestoen.

Back to Top
CIM LOGO