No "konstruktive" Gespréicher zu Abu DhabiUkrain a Russland si sech iwwer Austausch vu Krichsgefaangener eens

AFP, iwwersat vun RTL
D'Gespréicher mat amerikanesche Vermëttler hunn en Dënschdeg ronn 4 Stonne gedauert. E Mëttwoch de Moien ass dunn en éischten Accord fonnt ginn.
© HANDOUT/AFP

No der éischter Verhandlungsronn tëscht der Ukrain a Russland zu Abu Dhabi huet sech den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj optimistesch gewisen. Och den US-Ausseminister Marco Rubio huet vu produktive Gespréicher geschwat. Konkreet gëtt un engem groussen Austausch vu Krichsgefaangene geschafft.

De Selenskyj wier positiv gestëmmt a géif Verännerungen an der Approche vun den amerikanesche Vermëttler erkennen. Dat sot de President en Dënschdeg bei sengem Besuch zu Kopenhagen.

US-Beamten no hätte souwuel Kiew wéi och Moskau hir Positiounen am Virfeld e bëssen opgelackert. Den US-Vermëttler Jared Kushner huet erkläert, datt d'Differenzen tëscht béide Säite méi kleng gi wieren.

Et gëtt vun engem méiglechen Austausch vun 1.000 géint 1.000 Zaldote geschwat. Esouguer 1.500 wiere méiglech. Amerikanesch Vertrieder reesen en Donneschdeg op Moskau fir weider Detailer mam Wladimir Putin ze klären.

Déi russesch Delegatioun confirméiert dëst e Mëttwoch de Mëtteg.

Den Austausch vu Gefaangenen ass ee vun de wéinege Beräicher, an deenen d'Ukrain a Russland zanter dem Ufank vun der russescher Invasioun am Februar 2022 nach zesummeschaffen. Béid Länner hunn an de leschte Jore schonn Dausende Gefaangener ausgetosch.

Déi europäesch Länner souwéi Vertrieder vun der NATO an der EU waren zwar zu Abu Dhabi present, hunn awer net direkt un de formelle Verhandlungen tëscht Russland, der Ukrain an den USA deelgeholl.

Den US-Ausseminister Marco Rubio huet betount, datt Europa laangfristeg och um Verhandlungsdësch misst vertruede sinn. Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul huet nach méi däitlech eng direkt europäesch Participatioun bei der nächster Verhandlungsronn gefuerdert.

Och de Selenskyj huet sech dofir ausgeschwat, datt Europa en eegene Vertrieder fir déi weider Gespréicher designéiert.

Russland gesäit weiderhi kee Grond mat Europa an e Gespréich ze goen.

Back to Top
CIM LOGO