DäitschlandVermësst 13 Joer aalt Meedchen dout a Brandenburg fonnt

RTL Lëtzebuerg
No e puer Deeg Sich nom Meedche vu Berlin-Marzahn huet d'Police seng Läich a Brandenburg fonnt.
© RTL

De Parquet huet confirméiert, datt et sech ëm dat vermësste Lisa handelt.

De Kierper gouf an engem eidele Gebai zu Brandenburg fonnt, net wäit vun der polnescher Grenz. D'Plaz läit méi wéi 50 Kilometer vun der Wunneng vum Meedchen ewech.

Nieft der Läich vum Meedchen huet d'Brandenburger Police och e schwéier blesséierten, onbekannte Mann entdeckt. De Verdächtegen hätt sech selwer verwonnt gehat a gouf an d'Spidol bruecht. Hie wär an engem kriteschen Zoustand, mellt d'Bild-Zeitung.

D'Lisa gouf zanter Dënschdeg, dem 3. November, vermësst. Si hat géint 7:15 Auer hiert Doheem verlooss, fir an d'Schoul ze fueren. Do koum si awer ni un.

D'Enquêteuren hunn zanter e Freideg mat engem Groussasaz no him gesicht. D'Autoritéite ginn dovun aus, datt d'Meedchen net fräiwëlleg dat familiäert Ëmfeld verlooss huet.

De Parquet geet vun engem schwéiere Verbriechen aus. D'Ëmstänn vum Doud sinn nach net bekannt.

Back to Top
CIM LOGO