
Ee Passant gouf vun hanne vun engem vun de Brigangen ugehalen, wärenddeem deen aneren dem Betraffenen d'Auer vum Handgelenk gerappt huet.
Dono hunn déi zwee Onéierlecher sech a Richtung Boulevard Roosevelt duerch d'Bascht gemaach. D'Police huet sech direkt op d'Sich no hinne gemaach, dat awer ouni Succès.
Zeienopruff
An dësem Kontext mécht d'Police dann och en Zeienopruff fir déi zwee Brigangen. Allebéid si 25-30 Joer al an hunn e südlännescht Ausgesinn.
All Informatiounen am Zesummenhang mat dësem Iwwerfall si bei der Stater Police ënnert der Nummer 244401000 eranzeginn.