
Eleng zwee Mol d'lescht Woch goufen d'Pompjeeën och an d'Gemeng Rammerech geruff, wou et am Bësch gebrannt huet.
D'Gemeng huet an deem Kader elo an engem Bäitrag op Facebook zu méi Virsiicht opgeruff. Et wiere "leider keng eidel Warnungen", déi ëmmer nees an de soziale Medie géife gedeelt ginn. "Eleng dës Woch huet et och bei eis an der Gemeng zweemol am Bësch gebrannt. Duerch déi séier Reaktioun vun Zeien an dem CGDIS konnten d'Bränn séier ënner Kontroll bruecht ginn."
Aktuell wier d'Gefor vu Bëschbränn besonnesch héich, dat wéinst der Dréchent, déi sech scho wochelaang zitt. Et sollt een dowéinst op kee Fall Zigaretten an d'Natur geheien, och net aus dem Auto eraus. Et soll een ausserdeem den Ament kee Feier an der Natur maachen an net op dréchenem Gras parken.
Ganz wichteg wier et dann den Ament och nach, direkt ze melle wann een Damp gesäit oder richt. "Wat ee Brand méi fréi entdeckt gëtt, wat méi séier d'Rettungsdéngschter agräife kënnen", esou d'Gemeng Rammerech.
Kuerz viru 17 Auer waren an der Rue Pierre Frieden zu Déifferdeng zwee Autoen aneneegerannt an eng Persoun gouf verwonnt. Am Asaz waren d'Secouriste vun Esch a Suessem-Déifferdeng.
D'Rettungsekippe vu Miersch a Béiwen-Atert sinn géint 18:45 Auer op d'Areler Strooss zu Bruch geruff ginn, nodeems hei en Auto an eng Mauer gerannt ass. Blesséiert gouf awer keen.
E weidere Blesséierte gouf et dann awer nach géint 22:40 Auer um CR178 tëschent Zolwer a Lampech, wéi hei an Auto accidentéiert war. D'Secouriste vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.