Auto op der KoppZwee Blesséierter bei zwee Accidenter vu Freideg op Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Zwee Verkéiersaccidenter hunn um Freidegowend an an der Nuecht op e Samschdeg jee eng blesséiert Persoun gefuerdert.
© Laurent Weber

Um 18.30 Auer e Freideg den Owend koum et zu engem Accident mat engem Auto an der Rue de la Providence zu Rolleng, bei deem eng Persoun blesséiert gouf. D’Ekippe vu Péiteng a vum Asazzenter Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.

En Accident mat engem Auto op der Kopp gouf zu Esch-Uelzecht gemellt, dat an der Rue J.-P. Bausch um kuerz virun 2 Auer um Samschdeg de Moien. Och hei gouf eng Persoun blesséiert, op der Plaz waren d’Sekuriste vun Esch.

Back to Top
CIM LOGO