
Zu Rëmeleng koum et hënt géint 2 Auer zu engem Accident, bei deem 2 Persoune blesséiert goufen. Wéi d'Police de Moie schreift, ass de Chauffer vun engem Auto riicht iwwert d'Insel vun engem Rond-point gerannt.
Den Auto ass ofgehuewen, op der Säit gelant a widder eng Fassade gerannt. Béid Leit am Auto goufe blesséiert a koumen an d'Spidol. De Chauffer hat Alkohol an Drogen am Blutt, de Führerschäi war fort.