Verdeedegungsminister Pete Hegseth confirméiertUSA zéie ronn 5.000 Zaldoten aus Däitschland of

RTL Lëtzebuerg
Et hat sech ugedeit ma elo koum d'Confirmatioun: Den US-amerikanesche Verdeedegungsminister Pete Hegseth huet d'Ofzéien vu 5.000 amerikaneschen Zaldoten aus Däitschland ordonéiert.
US-Verteidigungsminister Hegseth hat nach Angaben seines Ministeriums den Abzug von rund 5000 Soldaten aus Deutschland binnen eines Jahres angeordnet. Derzeit sind rund 35.000 US-Soldaten in Deutschland stationiert - mehr als in jedem anderen europäischen Land.
Den US-Defenseminister Pete Hegseth
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP/Archiv

Dëst soll an den nächste 6 bis 12 Méint geschéien: Offiziell heescht et, dës Entscheedung wier no enger grëndlecher Iwwerpréiwung vun der US-amerikanescher Truppepresenz an Europa geholl ginn.

D'Iwwerleeung fir US-Truppen an Europa ofzezéien, ass an der Trump-Administratioun net nei: Nodeems den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz déi amerikanesch Offensiv am Iran kritiséiert huet, hat den Donald Trump schonn ugekënnegt, d'Truppen eventuell ze reduzéieren. Den Ament sinn eng 39.000 Zaldoten an Däitschland stationéiert, dorënner och op där fir d'USA esou wichteger Fliger-Basis zu Ramstein hei vir a Rheinland-Pfalz. Déi US-amerikanesch Presenz an Europa ass strategesch wichteg, dat esou wuel fir d'NATO wéi och fir d'Amerikaner selwer, well do Waffen, Truppen a Fligere stationéiert sinn. Nieft Däitschland sinn och wichteg Stëtzpunkten an Italien a Groussbritannien, mat alles an allem ronn 86.000 US-amerikaneschen Zaldoten, déi an Europa stationéiert sinn.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO