"Firwat sollt ech et net maachen?"US-President Trump dreet och Spuenien an Italien mat Ofzéie vun Truppen

RTL Lëtzebuerg
Am Kontext vun de Kriticken um Virgoe vun den Amerikaner am Iran, huet den US-President Donald Trump no Däitschland och lo Spuenien an Italien domadder gedreet, d'amerikanesch Truppen aus deene Länner ofzezéien.
© KENT NISHIMURA/AFP

"Dat wäert ech wahrscheinlech maachen, firwat sollt ech et net maachen", sot de Republikaner en Donneschdeg viru Journalisten am Oval Office. Italien, där hir Premierministesch Meloni u sech en éischter gutt Verhältnis zum Trump hat, hätt den Amerikaner guer net gehollef, fënnt den Trump. A Spuenien wier "absolut schrecklech". Den US-President hat d'Nato-Partner ze lescht schaarf kritiséiert well si d'Amerikaner, senger Meenung no, net genuch am Iran-Krich a bei de Beméiunge fir d'Strooss vun Hormus nees opzekréien, ënnerstëtzen.

De Sträit mat Däitschland hat sech dës Woch zougespëtzt nodeems de Bundeskanzler Friedrich Merz dem Donald Trump oppe reprochéiert hätt, sech am Irankrich verschat ze hunn a keng Strategie ze hunn.

Spuenien ass den Amerikaner scho méi laang en Dar am A well se bis elo net bereet sinn, hir NATO-Contributiounen eropzeschrauwen.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO