
De Krich am Iran huet d'USA bis ewell ronn 25 Milliarden Dollar kascht. Dat ass eng Schätzung vun engem héichrangege Pentagonmataarbechter, deen e Mëttwoch am Representantenhaus gehéiert gouf. De gréissten Deel dovunner war fir Munitioun. Eleng déi éischt Woch hätt 11 Milliarden Dollar kascht. De Krich huet virun zwee Méint ugefaangen.
Den US-Verdeedegungsminister Pete Hegseth huet virum Kongress d'Handele vun den USA verdeedegt. Vun engem onpopuläre Krich an engem Konflikt – ouni Auswee – wëll hien näischt héieren.
Tëscht den USA an dem Iran gëtt iwwer Telefon verhandelt. Et géif een op perséinlech Treffe verzichten, och wann een déi u sech léiwer hätt, sot den Donald Trump am Wäissen Haus. Mä et wär "lächerlech" 18 Stonnen ze fléien an um Enn e Resultat ze hunn, dat een net zefridde géif stellen, huet den US-President argumentéiert. Et hätt ee scho Progrèse gemaach, mä vun engem Duerchbroch kéint een net schwätzen.
Den Donald Trump wëll den Drock op den Iran héich halen. E Mëttwoch huet hien och e KI-Meme op senger Plattform "Truth Social" gepost, sech selwer mat engem Gewier am Grapp an dem Sproch: "NO MORE MR NICE GUY". De Präis vum Barrel Brent ass doropshin bal op 120 Dollar geklommen, den héchste Stand zanter dem Summer 2022.
De Bundeskanzler Friedrich Merz hat rezent e puer Mol den amerikanesche Krich am Iran kritiséiert. Dëst ass net gutt beim US-President Donald Trump ukomm. Dësen huet an der Nuecht op en Donneschdeg op Social Media reagéiert, an als éischt emol de Mäerz kritiséiert. Senger Interpretatioun no wëll de Kanzler, datt den Iran Atomwaffen huet. Hien, den Donald Trump, géif awer elo eppes maachen, wat aner Natiounen an aner Presidente scho längst misste gemaach hunn. An och wier et kee Wonner, datt et Däitschland ekonomesch an op all anerem Level esou schlecht géif goen.
Ma domadder net genuch. Den US-President denkt och driwwer no, fir en Deel vun den Truppen, déi an Däitschland stationéiert sinn, ofzezéien. D'Decisioun soll deemnächst getraff ginn, esou den Trump weider. Scho wärend senger éischter Period un der Spëtzt vun den USA hat den Donald Trump déi selwecht Menace géintiwwer Däitschland ausgeschwat. Aktuell sinn dem US-Militär no eng 86.000 Zaldoten an Europa stationéiert, dovun 39.000 bei eisen däitschen Noperen.