CGDIS4 Blesséierter bei 4 Accidenter um Samschdeg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Zu Gaasperech gouf an der Rue Christophe Plantin géint 16 Auer een Cyclist vun engem Auto ugestouss. D'Persoun gouf heibäi blesséiert.
© Jeannot Ries

Op der Escher Autobunn Direktioun Esch um Zéissenger Kräiz bei Leideleng ass um 14:39 Auer en Auto an d'Leitplanke gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Um 14:45 Auer ass tëscht Léiler an Ouren (B) ee Motocyclist gefall. D'Persoun huet sech derbäi blesséiert.

Tëscht der Bleesbréck a Bettenduerf krute sech um 15:22 Auer 2 Autoen ze paken. Och hei gouf et ee Verwonnten.

6 Pompjeescorpsen an d'Ambulanz vun Housen waren iwwerdeems am Asaz, well tëscht Houschent an Ënnerschlënner Hecke gebrannt haten. Blesséiert gouf keen.

Back to Top
CIM LOGO