De Mäertchen an d'Oktav si staark matenee verwuerzelt. Fréier huet dëst kathoulescht Fest 8 Deeg gedauert. Mëttlerweil sinn et zwou Wochen. Ënnert dem Stréch sinn d'Geschäftsleit mat der éischter Woch och mei ewéi zefridden. Den nächste Sonndeg ass d'Schlusspressessioun a gläichzäiteg de leschten Dag vum Mäertchen um Knuedler.