
Et fält ëmmer méi op: Autoe mat rosa Plackennummere sinn och zu Lëtzebuerg ëmmer méi dacks ënnerwee. Vill Automobiliste stellen sech do d’Fro, wat et mat dëse Placken op sech huet.
D’Erklärung ass relativ einfach: Et handelt sech dobäi net ëm eng nei Form vu personaliséierte Placken, mee ëm provisoresch Plackennummeren aus Frankräich.
Dës Placke ginn zanter dem 1. Januar 2026 benotzt a si reservéiert fir Gefierer, déi nach keng definitiv Immatrikulatioun a Frankräich hunn, zum Beispill fir nei Autoen oder importéiert Gefierer, esou steet et um Internetsite vum franséischen Inneministère.
D’rosa Faarf ass net zoufälleg gewielt. Am Géigendeel: Si soll direkt an d’A falen, fir datt d’Autoritéiten dës Gefierer méi einfach erkennen a kontrolléiere kënnen. Op de Placke steet och eng Gëltegkeetsdauer. Dës weist, wéi laang d’Gefier nach mat dëser provisorescher Immatrikulatioun dierf ënnerwee sinn.
D’Lëtzebuerger Verkéierspolice huet a leschter Zäit Gefierer mat esou Placke méi reegelméisseg kontrolléiert. Esou Placke kënnen en Indice sinn, datt e Gefier nach net komplett an der Rei ass, zum Beispill wat d’Pabeieren oder d’Immatrikulatioun ugeet.