Fréiere Formel-1-Pilot a paralympesche SportlerAlessandro Zanardi am Alter vun 59 Joer gestuerwen

Bakir Demic
D'Sportwelt trauert ëm den Alessandro Zanardi. An de soziale Reseauen huet seng Famill den Doud vum véierfache paralympesche Goldmedaile-Gewënner matgedeelt.
© NurPhoto via AFP

Wéi et vun der Famill heescht, wier en am enkste Krees friddlech ageschlof. Zu de geneeën Doudesëmstänn ass näischt gewosst.

Den Italieener war an den 90er Jore bei insgesamt 41 Grand-Prixen an der Formel 1 matgefuer, donieft och an der US-amerikanescher Champ-Car-Serie. Bei esou enger Course huet hien 2001 no engem uergen Accident um Lausitzring béid Been mussen amputéiert kréien. Trotz sengem Handicap huet den Alessandro "Alex" Zanardi 2005 nees un enger Automobilcourse deelgeholl, dat an engem speziell fir hie preparéierten Auto. Säi Wiessel an de paralympesche Sport koum 2011 wéi hien ugefaangen huet, un Handbike-Courssen deelzehuelen. Bei de paralympesche Summerspiller 2012 zu London an 2016 zu Rio konnt hien iwwerdeems véiermol d'Goldmedail gewannen a gouf 2012 och zum Sportler vum Joer an Italien gewielt.

2020 hat den Zanardi e weidere schwéieren Accident, wéi hie bei enger Handbike-Course vun engem Camion erfaasst gouf. Hien huet annerhalleft Joer mussen am Spidol verbréngen. 2022 ass hien dem Doud eng weider Kéier vun der Schëpp gesprongen, nodeems e Feier a senger Villa an Norditalien ausgebrach war. Medezinesch Geräter fir seng Versuergung waren dobäi beschiedegt ginn. Hie war doropshi wärend zwee Méint am Spidol.

Am Fréijoer 2019, ee Joer viru sengem zweete schwéieren Accident, huet eng RTL-Ekipp den Alex Zanardi bei sech doheem begéint.

Back to Top
CIM LOGO