Background am Gespréich (2. Mee)Aktuell Entwécklungen an hir Auswierkungen op Betriber

Marlène Clement
E Samschdeg sinn d'Fanny Bervard, de Raphaël Betti an de Lionel Ferber eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Eng Erhéijung vum Mindestloun, Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit, an d'Sonndesaarbecht: Et si Sujeten, bei deenen d'Gewerkschaften a Patronat wäit ausernee leien. Ma wat bedeit dat eigentlech alles konkret fir déi kleng a mëttelgrouss Betriber? A wéi geet et hinnen an Zäiten, déi vun Onsécherheet a Krise gepräägt sinn?

Doriwwer schwätze mer e Samschden an der Emissioun Background am Gespréich mat dräi Invitéeën:

D’Fanny Bervard, déi hir eege Bijou-Mark gegrënnt huet
De Raphaël Betti, Barbesëtzer an Entrepreneur
An de Lionel Ferber, Patron vun engem grousse Coifferbetrib

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO