Biller, déi mer vun der Plaz vun enger RTL-Mataarbechterin zougeschéckt kruten, hunn da confirméiert, datt d'Pompjeeën am Asaz waren. Wéi d'Police eis op Nofro confirméiert huet, koum et hei an engem Haus zu enger Dampentwécklung an engem Keller. Zu deem Ament sollen och zwou Persounen am Haus gewiescht sinn.
Eng Ufro beim CGDIS zu méi Detailer iwwert den Asaz, ass bis ewell onbeäntwert bliwwen.