
Géint 11 Auer e Freideg waren zwee Autoen an der Lëtzebuerger Strooss zu Bartreng anenee gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsekippe vu Mamer an aus der Stad versuergt.
Kuerz no 15 Auer war de Rettungshelikopter op den CR121 tëscht dem Mëllerdall an dem Grondhaff geruff ginn, nodeems sech hei en Auto iwwerschloen huet. Hei gouf et zwee Blesséierter. Nieft dem Rettungshelikopter waren d’Ambulancieren aus der Fiels a vun Iechternach souwéi d’Pompjeeë vun Hiefenech a vu Jonglënster um Asaz.
Zu Réimech koum et kuerz viru 16 Auer um Quai de la moselle zu engem Accident tëscht engem Moto an engem Vëlo. Och hei gouf et ee Blesséierten. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vu Réimech.