Faiten am Juli an OktoberZwee Autosabriecher zu Sandweiler op frëscher Dot erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police elo mellt, konnten am Oktober 2 Brigange festgeholl ginn, déi zanter Juli dëst Joer an Autoen agebrach waren.

Zanter Juli 2020 koum et queesch duerch d'Land, haaptsächlech op Parkplaze viru verschiddene Liewensmëttelbutteker, zu Abréch an Autoen. Den Departement "Répression Grand Banditisme" vun der Police judiciare konnt 2 Täter ermëttelen an identifizéieren.

Am Kader vun Observatioune konnten d'Brigange Mëtt Oktober zu Sandweiler op frëscher Dot erwëscht a festgeholl ginn. Si koume virun den Untersuchungsriichter.

D'Täter hu fir hir Doten e spezielle Sender benotzt, fir d'Funkverbindung tëscht dem Schlëssel an dem Gefier ze stéieren. Den Auto konnt deen Ament net zougespaart ginn. D'Affer sinn akafe gaangen, ouni dat ze bemierken an ouni datt d'Täter duerno Spueren hannerlooss hunn.

Back to Top
CIM LOGO