Esch-UelzechtZwee Automobilisten zerklappe sech an der Strooss

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems huet d'Police nees eng Rei Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn.
© Laurent Weber

E Sonndegowend krut d'Police eng kierperlech Ausernanersetzung tëscht zwee Autosfuerer an der Rue Mathias Koerner zu Esch-Uelzecht gemellt. Éischten Informatiounen no wiere béid Fuerer mat hire Gefierer stoe bliwwen an aus dëse geklommen, éier si sech op der Fuerbunn mateneen an d'Hoer kruten.

Duerno si béid Männer noeneen op de Policebüro gaangen, fir eng Plainte ze deposéieren. Den aktuellen Informatiounen no wier och eent vun de Gefierer beim Sträit beschiedegt ginn.

Et gouf e Protokoll geschriwwen.

Iwwerdeems goufen am Laf vum Sonndeg a Méindeg fënnef Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn. Ënner anerem war en alkoholiséierte Chauffer, dee säi Gefier illegal op der Aire de Capellen geparkt hat, hannert dem Steier ageschlof.

Back to Top
CIM LOGO