
Wéi de CGDIS mellt, war kuerz viru 17:30 Auer een Auto tëscht der Bleesbréck a Bettenduerf accidentéiert. Eng Persoun gouf verwonnt.
Géint 19:15 Auer sinn zwee Autoen tëscht Steeën a Schieren frontal anenee gerannt. Dobäi goufen dräi Persoune verwonnt an um 3:45 Auer waren d'Pompjeeën nach eng Kéier zu Walfer beim Walferbierg am Asaz. Hei hat een Auto gebrannt. Et blouf awer beim Materialschued.
E Sonndeg de Moie koum et dem 112 no zu engem weideren Accident zu Déifferdeng. Do hat kuerz viru 7 Auer een Automobilist e Bam ze pake kritt. Et blouf beim Materialschued.