CGDISZwou Persounen op RTL-Antennen zu Jonglënster geklommen, zwee Blesséierter no Accident zu Schëtter

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum CGDIS hunn e Mëttwoch den Owend an en Donneschdegmoien wéinst jeeweils zwee Verkéiersaccidenter missen ausrécken, mee och wéinst engem méi spezielle Virfall zu Jonglënster.
© Laurent Weber

Hei huet wuel d'Naturspektaktel vum Owend, d'Sonnendäischtert, fir e méi aussergewéinlechen Asaz gesuergt. Zwee Leit waren deemno op d'RTL-Antenne geklommen. Wéi de CGDIS op Nofro hi confirméiert, sinn déi zwee awer nees vun eleng erofgeklommen. Et ass kee blesséiert ginn.

Géint 21:13 Auer war dann och e Cyclist op der RN16 tëschent dem Scheierbierg a Réimech ugestouss a blesséiert ginn. D'Secouriste vu Réimech waren op der Plaz. Ronn 20 Minutte méi spéit war en Automobilist op der A4 tëschent Lalleng a Féiz accidentéiert. Blesséiert gouf awer keen. am Asaz waren d'Rettungsdéngschter vun Esch a Schëffleng.

En Donneschdeg de Moie goung et da weider mat zwee Asätz wéinst Accidenter:

Kuerz virun 9 Auer waren an der Haaptstrooss zu Schëtter zwee Autoen aneneegerannt, woubäi zwou Persoune verwonnt goufen. Am Asaz waren d'Secouristen aus den Asazzentre vun Nidderaanwen-Schëtter, Gréiwemaacher-Mäertert an aus der Stad.

Kuerz virun 10 Auer dann nach en Accident op der A3 tëschent Diddeleng an dem Beetebuerger Kräiz: En Auto an eng Camionnette waren aneneegerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Am Asaz waren d'Rettungsekippe vu Beetebuerg an Diddeleng. Och de SAMU war op der Plaz. Den Accident hat fir massive Stau op der Autobunn gesuergt.

Back to Top
CIM LOGO